StudyFox - D'Deelen vum Wëssen daat zum Erfolleg féiert

Dir gitt op StudyFox.lu redirigéiert well StudyFox nach net lancéiert gouf an deem Land, wou Dir grad sidd oder an deem Land, wou Dir probéiert hutt, op d'Säit ze goen (StudyFox.lu).

Waart w.e.g. ... Är Stonn gëtt gespäichert...

Dëss Säit w.e.g. net zou maachen!

Firwat [StudyFox auswielen?]

Wat StudyFox ubitt

StudyFox stellt e Service zur Verfügung, deen et erméiglecht, de Lien ze maachen tëscht engem Kit ("e Schüler, Student oder eng aner Persoun, déi Stonne brauch") an engem Fox ("eng Persoun mat Kompetenzen, déi iwwerpréift sinn, an déi bereet ass, Stonnen ze ginn"). D'Roll vu StudyFox ass, Iech e Fox (Formateur) ze sichen, deen op Äre Niveau adaptéiert ass. D'Stonn fënnt dann entweder bei Iech doheem oder beim Fox doheem statt, jenodem wéi Dir Är Preferenzen uginn hudd.

Hei fannt Dir nach weider Virdeeler vu StudyFox:

  • All ons Foxen (Formateuren) si gepréift (Carte d'identité, Casier judiciaire, Qualifikatiounen, Diplomer)
  • Dir decidéiert wéini d'Stonn stattfënnt (Datum an Auerzäit)
  • D'Plattform fir d'Stonnen ze buchen ass ronderëm d'Auer verfügbar (24h/24h & 7d/7d)
  • Mir sichen Iech e Fox (Formateur) opgrond vun Äre Bedierfnisser an Ärem Niveau
  • Dir hudd Méiglechkeet, ëmmer dee selwechte Fox (Formateur) ze kréien fir weider Stonnen
  • Et gëtt keng minimal Unzuel vu Stonnen déi Dir buche musst
  • Grouss Auswiel u Fächer
  • Fidelitéitsprogramm
  • Fixe Präis
    (42 EUR/Stonn fir Stonne bei Iech doheem oder 40 EUR/Stonn fir Stonne beim Fox (Formateur) doheem a Funktioun vun Äre Preferenzen)
  • Dir kritt 1 mol d'Woch eng Rechnung fir d'Stonnen, déi Dir an där Woch geholl hutt




StudyFox: Äre Partner fir Nohëllefstonnen a Sproochencourse doheem

Bucht Är Stonn vun elo un andeems Dir ee Fach auswielt: