StudyFox - D'Deelen vum Wëssen daat zum Erfolleg féiert

Dir gitt op StudyFox.lu redirigéiert well StudyFox nach net lancéiert gouf an deem Land, wou Dir grad sidd oder an deem Land, wou Dir probéiert hutt, op d'Säit ze goen (StudyFox.lu).

Waart w.e.g. ... Är Stonn gëtt gespäichert...

Dëss Säit w.e.g. net zou maachen!

Wien [si mir?]

Iwwer StudyFox

No enger Analyse vun der aktueller Situatioun vum Marché zu Lëtzebuerg, ass StudyFox am Joer 2013 als a.s.b.l. vu begeeschterte Frënn gegrënnt ginn, mam Ziel, ee vereinfachte Service unzebidden, deen et erméiglecht, op eng schnell, dynamesch an einfach Aart a Weis Coursen unzebidde respektiv ze fannen.

Duerch de groussen Erfolleg vun der StudyFox a.s.b.l., ass den 28. August 2015 d'StudyFox S.à.r.l. gegrënnt ginn.

Momentan gëtt StudyFox och a verschidden Stied an Däitschland an a Frankräich lancéiert. Weider Stied a Länner wäerten an den nächste Méint a Joeren lancéiert ginn.

Am Moment si just wéineg Service-Ubidder um Marché etabléiert. Dës Ubidder fuerderen eng grouss Flexibilitéit vum Client a bedreiwen eng onkloer Präispolitik. Mir sinn ausserdeem der Meenung, dass Wëssen nëmmen dann erfollegräich vermëttelt ka ginn, wann d'Stonn genau un d'Bedürfnisser vum Client ugepasst ass, wat bei Stonnen an der Grupp net de Fall ass. De Client soll d'’Méiglechkeet hunn iwwert d'Auerzäit, d'Plaz an de Formateur ze decidéieren.

Well Flexibilitéit an eisem Alldag eng Selbstverständlechkeet ginn ass an d'Servicer sou schnell wéi méiglech solle sinn, stelle mir Iech eng Plattform zur Verfügung, déi e Service ronderëm d'Auer offréiert.

StudyFox ass vun de Grënner selwer entwéckelt ginn opgrond vun hire perséinlechen Erfahrungen während hierer Studienzäit. Mir hunn op all Niveau Divergenzen tëscht der Nofro an der Offer vun Stonnen identifizéiert. Dës Mängel kënnen duerch StudyFox behuewe ginn.

StudyFox ass eng nei Start-up - Organisatioun, déi ëmmer bereet ass, d'’Meenung vun hire Clienten ze berücksichtegen, fir d'Offer ze verbesseren, de beschtméigleche Service unzebidden an d'Erwaardunge vun de Clienten z'iwwertreffen.

Kommerziell Denominatioun StudyFox
Legal Denominatioun IAFW S.à r.l.
Registréiert Adress 4, rue Conrad Ier
L-1355 Luxembourg
Luxembourg
Kapital 12500 €
Registernummer B 199698
TVA-Nummer LU27949131
Autorisatioun 10060407/0